Méi wéi e Mandat cover art

Méi wéi e Mandat

Méi wéi e Mandat

Written by: Sven Clement
Listen for free

About this listen

"Méi wéi e Mandat" ass e Podcast deen d'Politik vu baussen a vu bannen weist. De Sven Clement an d'Christine ginn Abléck an hiert Liewen als Politiker-Koppel zu Lëtzebuerg, schwätzen iwwert d'Erausfuerderungen, d'Freed an d'Frustratiounen déi Politik mat sech bréngt. Authentesch a mat enger Portioun Humor ginn si hannert de Riddo vun der Chamber, erzielen iwwert den Alldag um Kichendësch an doriwwer wat et heescht, d'Politik net just ze maachen mee och ze liewen. Fir jiddereen deen sech freet, wat Politik wierklech bedeit a wéi et ass, wann d'Politik zum Alldag gëtt.Sven Clement Social Sciences
Episodes
  • Cybersécherheet: Wéi Vulnerabel si mir?
    Aug 13 2025

    Eng Diskussioun iwwert d'rezent Cyberattack op d'Post an hir Auswirkungen op Lëtzebuerg. Mir diskutéiere wéi Lëtzebuerg Affer vun enger Zero-Day-Attack gouf, déi de ganzen Telekommunikatiounsreseau fir Stonnen ausser Betrib gesat huet. Ech erkläerr wéi ech scho viru 7 Joer op Sécherheetsrisiken higewisen hat, mee net eescht geholl gouf. D'Gespréich weist och d'Balancéiere vun engem Deputéiertenmandat mat Familljeliewen - esouguer während der Vakanz an Japan gouf et eng Urgence-Kommissiounssëtzung iwwer Videokonferenz. En Abléck an d'Realitéit vun der Politik a wéi Lëtzebuerg sech an Zukunft besser géint Cyberattacke schütze muss.

    Show More Show Less
    25 mins
  • Expo-Erliefnis: Lëtzebuerg an Japan
    Aug 12 2025

    Begleet de Sven Clement a seng Fra Christine op hir Rees zur Weltausstellung zu Osaka, Japan. An dëser intimer Episod vu "Méi wéi e Mandat" deelen si hir Andréck vun der Expo, wéi Lëtzebuerg sech der Welt presentéiert, an entdecken déi spannend Kontradiktiounen vun der japanesche Kultur. Vun hirer fréierer Skepsis bis zu hirer aktueller Begeeschterung fir d'Weltausstellung diskutéieren si, wéi dëst Event eis kléngt Land op der Weltkaart positionéiert an wéi de Lëtzebuerger Pavillon eng emotional Verbindung zu de Besicher schafft. Eng Rees, déi weist wéi wichteg et ass, eis Land der Welt ze weisen an dobäi och nach nohalteg ze denken.

    Show More Show Less
    24 mins
  • Méi wéi e Mandat: Frieden géint d'Zivilgesellschaft?
    Jul 20 2025

    Eng spannend Diskussioun iwwert d'Konsequenze vun der Caritas-Affär op d'Zivilgesellschaft zu Lëtzebuerg. Wéi de Premier Luc Frieden d'ONGen ënner Drock setzt an d'Roll vun der Zivilgesellschaft a Fro stellt. D'Christine an de Sven diskutéieren iwwert déi politesch Konsequenzen, d'Auswirkungen op d'sozial Projeten an d'Wichtegkeet vum zivilgesellschaftlechen Engagement an enger Demokratie. Wéi kann d'Gesellschaft weider funktionéieren wann wichteg Stëmme fir déi sozial Schwaach verschwannen?

    Show More Show Less
    25 mins
No reviews yet