(On)bekannt cover art

(On)bekannt

(On)bekannt

Written by: Lëtzebuerger Journal
Listen for free

De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis. Social Sciences
Episodes
  • Khalid Oke
    May 21 2026
    Nodeems d'Jill fir d'éischt mol um Fändel scheitert, trëfft hatt de Khalid, besser bekannt als Oke, am Konrad zu Bouneweg. Ganz onbekannt ass hien him awer net: Déi zwee kennen sech schonn duerch Musek, Podcasts an Instagram. De Khalid schwätzt iwwer säi Wee als Museker, säi Liewen tëscht Lëtzebuerg an Nigeria an d'Gefill, zwou Heemechten ze hunn. Dobäi geet et ëm grouss Bünen, perséinlech Wendepunkten, Famill, Rassismus, Therapie a seng Relatioun zur Musek. Fir hien ass Musek nämlech vill méi ewéi nëmmen Entertainment: Si ass eng Manéier, Geschichten ze erzielen, Kulturen ze verbannen an Themen unzeschwätzen, déi him wichteg sinn. E Gespréich iwwer Wuerzelen, Identitéit, Alter-egoen, grouss Dreem an doriwwer, firwat een heiansdo aus der Rei danze muss, fir säin eegene Wee ze fannen. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Show More Show Less
    49 mins
  • digiloom
    Apr 15 2026
    Des Episod ass a Kollaboratioun mat digiloom entstaan. Fir dës Episod ënnerbrécht d'Jill eng Pingpong-Party – an trëfft dobäi net just op eng Persoun, mee op e ganze Grupp, deen sech hannert enger Wollek verstoppt. Hannert dësem mysteriéise Symbol stécht nämlech digiloom : E frësch gegrënnte Centre de ressources, deen sech mat digitaler Bildung a Mediekompetenz beschäftegt, an dobäi virun allem déi ënnerstëtzt, déi mat Kanner a Jugendlecher schaffen. Tëscht virkonfiguréierten Digiboxen, Gaming am pädagogesche Kontext an der Fro, wéi een eigentlech "richteg" mat Medien ëmgeet, entwéckelt sech e Gespréich iwwer d'Roll vun Educateur*ricen als Multiplicateuren, iwwer Experimentéieren amplaz Virgaben, an doriwwer, firwat et heiansdo méi wichteg ass, selwer eng Haltung ze fannen, wéi d'Äntwert direkt ze hunn. Wéi nei digiloom eigentlech ass, wat een do alles ausléine kann, a wat e sougenannte learningLab ass, gëtt hei genee esou gekläert. (On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis. Méi iwwer digiloom op https://www.digiloom.lu/
    Show More Show Less
    55 mins
  • Alexandre Ecker
    Jan 2 2026
    Nodeems d'Jill fir d'éischt mol bal sur place en Accident gehat hätt, trëfft hatt den Alexandre Ecker – an ass begeeschtert, wéi hatt gewuer gëtt, dass hie vun Ufank u bei der Konzeptioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) eng Hand mat ugepaakt huet. Als studéierte Lexikograph stoung hien deemools mat enger Rëtsch anere Leit virun der Fro: Wéi schreift een en Dictionnaire fir eng jonk Sprooch, déi laang keng kloer definéiert Orthografie hat, an am Verglach zu beispillsweis Englesch guer net mol esou vill Ressourcen huet? Doriwwer eraus schwätzt hie mam Jill iwwer Sproochwandel, Jugendsprooch a Liblingswierder – an doriwwer, wat am geschwate Lëtzebuergesch och mol méi oder manner irritéierend ka sinn. Nieft senger berufflecher Bezéiung zur Lëtzebuerger Sprooch huet den Alexandre Ecker och eng Rëtsch Hobbyen. Sou strieft hien et un, mam Motorrad zwee Mol ronderëm d'Welt ze fueren, lauschtert Opere fir ze kräischen (wann hien net grad Rock-Musek aus de 90er op den Oueren huet), a keeft leidenschaftlech gäre méi Bicher, wéi hien der liese kann. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Show More Show Less
    43 mins
adbl_web_anon_alc_button_suppression_c
No reviews yet