Récits de Voix - Porteurs de Mémoire cover art

Récits de Voix - Porteurs de Mémoire

Récits de Voix - Porteurs de Mémoire

Written by: natasha ehrmann
Listen for free

About this listen

Récits de Voix – Porteurs de Mémoire thematiséiert den zweete Weltkrich mat der Shoah, a retracéiert d’Schicksaler vu Mënschen wärend dem Holcaust. Mënschen déi Lëtzebuerg hu misste verlossen, oder aus anere Länner op Lëtzebuerg komm sinn. All Episod ass eng geliewte Geschicht déi ee Survivant a Form vun engem Témoignage verzielt. Parallel, gëtt den Historiker, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, a President vum Comité Auschwitz Lëtzebuerg, Marc Schoentgen, Erklärungen zum Kontext vun der Zäit vun der Shoah, an eventuelle Parallelen zu haut. Mat der Ennerstëtzung vum Comité Auschwitz Luxembourg an der Fondation Mazalbert - ënnert der égide vun der Fondation de Luxembourgnatasha ehrmann World
Episodes
  • Récits de Voix - Porteurs de Mémoire - Série 2 / Bernard & Robi Gottlieb
    Feb 20 2026
    Nodeems d'Témoin'en vun der Shoah hiert Erliewe verzielt hunn, interesséiert d'Série 2 sech fir déi sougenannten zweet Generatioun, de Nokomme vun den Iwwerliewenden.

    An de 1960er Joren hu Kanner vun Holocaust Iwwerliewenden ugefaangen der Fro nozegoen, wat et bedeit Kand vun engem Témoin ze sinn. Vill ënnert hinnen hate Scholdgefiller, an d'Gefill den Echo vun deem wat hier Famill erliewt huet ze droen.
    Séier, sinn Austausch- a Support Gruppen uechtert Welt gegrënnt ginn, an déi betraffe Persoune konnten iwwer hier Erfarunge vun Angscht, Trauer an Depressioun schwetzen.
    Am Kontext vun där Generatioun déi den Trauma deen hir Famill ni ausgedréckt huet mat sech dréit,
    Agëtt an der Psychologie vun inter- oder transgenerationellem Trauma geschwat.

    Déi nächst Episode vum Podcast ginn där Trauma Iwwerdroung no - iwwer Témoin'en vun der zweeter Generatioun.
    Am éischten Episod héiert dir de Bridder Bernard a Robi Gottlieb hir Geschicht.
    Show More Show Less
    43 mins
  • Récits de Voix - Porteurs de Mémoire - Série 2 / Trailer Bernard & Robi Gottlieb

    1 min
  • Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episode 7 - Arthur Sidney Ehrmann
    Apr 4 2025
    Am März 1933 ass d’Nazi Partei un de Pouvoir komm, deemools hunn zu Frankfurt eng 26000 Judde gelieft. Dorënner och meng Ur-Grousselteren, mat hire 4 Kanner.Am Mäerz 1933 ass d’Nazi Partei un de Pouvoir komm, an huet e Fändel mam Hakekräiz iwwert d’Ratshaus hisséiert. Fir Judde sollt et keng Platz méi ginn an Däitschland. Jüddesch Entreprisen a Fräiberuffler si boykottéiert ginn, an et sinn antisemitesch Gesetzer agefouert ginn.
    Dat ass dee Moment wou mäi Grousspapp, den Arthur Sidney Ehrmann, mat 28 Joer, decidéiert huet ze flüchten, bis op Paraïs. Ouni Nationalitéit, an als Judd, mam But sech als Resistenzler ze engagéieren a géint d'Nazien unzekämpfen - bis zu sengem Doud.
    Show More Show Less
    1 min
No reviews yet